Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

LASEP

D'Aschreiwunge fir d'Aktivitéite vun der Lasep fir d'Schouljoer 2025/26 kënnt Dir ab elo maachen. Soubal Dir eng Mail u folgend Adresse mam Aschreiwungsformulaire geschéckt hutt, ass Ärt Kand fir d’LASEP ageschriwwen. D’Aschreiwung geschitt no dem Prinzip “Als éischt ugemellt, als éischt eng Plaz“.

D’Cotisatioun fir d’Lasep ass gratis.

Den Aschreiwungsformulaire soll w.e.g. am beschten online (als 1 PDF Dokument) ausgefëllt ginn.

 

Deen éischte Cours ass en Dënschdeg, den 7. Oktober 2025. De Rendez-vous ass virun der Sportshal zu Stengefort :

Dirigeants LASEP 2025/2026: Jil DUHR et Mickels SCHMARTZ