Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Book Tasting Event Cycle 4.2. 18/12/25

19.12.2025

„Book Tasting“ – E gelongenen Owend am Cycle 4.2.

Den Owend vum 18 Dezember war e ganz besonneschen Highlight fir eis dräi Klassen aus dem Cycle 4.2. An engem gemittlechen a kreativen Ëmfeld an der Aller Schmelz, hu mir zesumme mat de Kanner an iwwer 100 Elteren e lëschtegen a liewegen Owend ënner dem Motto „Book Tasting“ verbruecht.

All Kand huet e selwer gewieltent Buch op kreativ Aart a Weis virgestallt, esou dass am Ganzen 44 Ausstellungen zesummekoumen – dat war immens beandrockend!

Doniewent hu mir e fantastescht Theaterstéck gesinn, dräi coll Danze-Performancen bewonnert an e selwer entwéckelt Gesellschaftsspill zum Thema Artenschutz/Zoo entdeckt. D’Kanner hu mat Begeeschterung a Professionalitéit gewisen, wat an hinne stécht – mir als Ekipp pédagogique si ganz houfreg op si!

Fir de gesellege Kader war och gesuergt: Mat engem klengen Snack an Gedrénks hunn d’Elteren sech ausgetosch a konnten d’Presentatioune bewonneren. E grousse Merci un all Elteren a Frënn vun der Schoul, déi dësen Owend esou speziell gemaach hunn!

D’EKIPP VUM CYCLE 4.2.


„Book Tasting“ – Une belle soirée au Cycle 4.2.

Le soir du 18 décembre, nos trois classes du Cycle 4.2. ont vécu un moment exceptionnel lors d’une soirée conviviale et créative autour du thème „Book Tasting“.

Chaque élève a présenté un livre de son choix de manière originale, pour un total impressionnant de 44 expositions ! Bravo à nos jeunes lecteurs et lectrices !

En plus, les enfants ont captivé le public avec une pièce de théâtre, trois chorégraphies dynamiques, et un jeu de société original sur le thème de la protection des espèces / du zoo, conçu par leurs soins.

L’ambiance était détendue, chaleureuse et très enrichissante – nous sommes très fiers du travail de nos élèves et heureux d’avoir pu partager ce moment avec plus de 100 parents et invités !

Un grand merci à toutes les familles présentes – votre soutien est précieux et motive nos enfants à se dépasser !

L’EQUIPE DU CYCLE 4.2.






» Fotoen