
Journée commémorative 9.10.2026
11.10.2026Journée commémorative
Op dësem nationale Gedenkdag hu mir un de Kampf an d’Affer vun de Krichsjoren 1940-1945 erënnert.
D’Kanner aus dem Cycle 4.2 vun der Stengforter Grondschoul hu sech an engem Dialog mam Sënn vum « Monument aux morts » an der Erënnerungskultur auserneegesat. D’Kanner vun der Maison Relais hunn zwou selwer gestalte Gerben néiergeluecht, wärend déi Jugendlech vum Jugendhaus Erënnerungssteng presentéiert hunn, déi si speziell fir dëse Moment geschaf haten.
De Schoulensemble zesumme mat der Harmonie Klengbetten an der Stengeforter Musek hu fir dee musekaleschen Encadrement gesuergt.
Photos © Commune de Steinfort
» Fotoen





















