Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Weltkannerdag 2026: Zesumme fir d’Kannerrechter!

21.11.2026

Weltkannerdag 2026: Zesumme fir d’Kannerrechter!

Den 20. November ass Weltkannerdag. Op dësem Dag gouf 1989 d’UNO-Konventioun iwwer d’Rechter vum Kand ugeholl. De Weltkannerdag erënnert eis drun, wéi wichteg et ass, Kanner ze schützen, hinnen nozelauschteren an hinnen déi bescht Méiglechkeete fir hir Entwécklung ze bidden.

Fir d’Gemeng Stengefort ass d’Wuelbefanne vun de Kanner all Dag eng Prioritéit. Zesumme kënne mir dozou bäidroen, datt all Kand gehéiert, respektéiert a geschützt gëtt.